Nodeems den TLFA 2-1 am August 2018 no ronn 21 Joer am Asaatzdéngscht ausser Betrib geholl gouf, ass no engem neie Corps am Ausland vir de Won gekuckt ginn.
No enger kuerzer Sich gouf nach am August en Interessent a Portugal vir de Won fonnt. No éischte Verhandlungen a bürokratesch Hürde konnt de neie Proprietär d'Iwwerféierung vum Won kierzlech an Ugrëff huelen. De lëschten Donneschdeg war et souwäit an den TLFA 2-1, dee bis dohi sécher an enger Hal zu Gréiwemaacher opbewaart gouf, konnt dem neie Proprietär iwwergi ginn. A Präsenz vun der Féierung vum CISGM an enger Delegatioun vu Persounen, déi dat ganzt méiglech gemaach hunn, gouf de Won sécher op engem Deiflueder verlueden a bei Geleeënheet vun enger klenger Feier Iwwerrescht.
De Won huet seng Rees vu ronn 1.884 Kilometer schlussendlech en Freideg ugebrach a soll den nächste Mëttwoch pünktlech ukommen. De Won soll an Zukunft bei de Bombeiros Voluntários, also de Fräiwëllege Pompjeeën, vu Vila Nova de Tazem am Zentrum vu Portugal am Distrikt Guarda zum Asaatz kommen. Am Asazgebitt vun de B.V. Vila Nova de Tazem befend sech de Parque Natural da Serra da Estrella, woufir en TLF mat Allrad méi wei wëllkomm ass. Vila Nova de Tazem ass eng kleng Gemeng vu knapp 15,77 km² an där ronn 2.000 Awunner liewen. B.V. Vila Nova de Tazem sinn déi Fräiwëlleg Pompjeeë vun der Gemeng. Si sinn am Ganze vir 4 Gemengen zoustänneg mat enger Fläche vun 300,60 km² an zielen op 94 Memberen zeréck.
De CISGM wënscht den portugisesche Kollege vu Vila Nova de Tazem eng gutt Receptioun vum Won.