Vum Mëttwoch 29. Mee op de Sonndeg 02. Juni 2019 huet d'CIMW a.s.b.l. hiren alljäerlechen Ausfluch organiséiert. D'Rees huet déi 19 Membere vun der a.s.b.l., déi sech ugemellt haten op déi 23. Feuerwehrsternfahrt op Dorfgastein an Eisterreich bruecht.
De Warm-Up vun der Rees gouf de Mëttwoch Owend mat engem gemeinsamen Owendiessen zu Mäertert agelaut, ier et um 22.00 Auer an de Bus goung vir déi laang Rees an ugreff ze huelen. No ronn 10 Stonn Rees mat Pause goung et dunn Donneschdeg Moie mam eigentleche Programme vun der Rees un. Eis éischt Etappe war Hallein an Eisterreich, direkt un der dätscher Grenz. Hei hunn mir Moies d'Salzwelten Hallein besicht.
D'Salzwelten Hallein sinn en stellgeluechte Salzbiergwierk, deen touristesch vir Féierungen nei opgebaut gouf. Eis Visitt huet mat engem typeschen "Bergmannsfrühstück" ugefaangen. Dono si mir mat engem Zichelchen an de Bierg era gefouert ginn, wou mir eng detailléiert Visitt zu Fouss, iwwer Rutschen a per Boot duerch déi ganz Galerië matgemaach hunn. Um Enn vun der Visitt goung et mam Zichelchen erëm erof. No der Visitt vun de Salzwelten Hallein ass et dunn mam Bus weider gaangen a Richtung Hallein, wou mir vir d'Mëttegiessen am Hofbräu Kaltenhausen erwaart goufen. Nom Mëttegiesse stoung dunn nach eng Visitt vun der Brauerei Hofbräu Kaltenhausen um Programme mat engem klengen Tasting am Uschloss. No der Visitt vun der Brauerei goung et mam Bus vir déi läscht 65 Kilometer op Dorfgastein, wou mir vir d'Eröffnungsfeier vun der 23. Feuerwehrsternfahrt erwaart goufen. No der Eröffnungsfeier goung et dunn mam Bus op Bad Hofgastein an eist Hotel wou mir den Owend gemittlech ausklénge gelooss hunn.
Freideg stoung en Besuch op Mallnitz op der anerer Säite vum Tauertunnel aus. Mam Bus goung et dofir op Bad Gastein, wou mir op den Zuch ëmgeklomme sinn an d'Rees duerch den 8,5 Kilometer laangen Tauerntunnel gemaach hunn. Op der anerer Säite, zu Mallnitz goufe mir och schonns vun der Freiwilligen Feuerwehr Mallnitz erwaart. Zanter Jore reesen en Gruppe Memberen dohin an de Wantersport, wat zu ganz enge Verbindungen tëscht den zwee Corpse gefouert huet. D'FF Mallnitz hat eis mat engem klenge Rahmenprogramme op der Gare op Trapp gehalen. Do gouf eis de Lösch- und Rettungszug vun der ÖBB an allen Detailer presentéiert. Nieft engem Rondgang duerch den Zuch si mir och mam Zuch an den Tauerntunnel gefuer a kruten do déi néideg Erklärungen zum Konzept vir d'Rettungsdéngschter. Nom Tour mam Zuch goung et zeréck op Mallnitz, wou mir nach de LUF60 vum Corps virgestallt kruten a souguer domat fueren duerften, éier et op en gemeinsamt Mëttegiesse goung. Nom Mëttegiesse goung et dunn héich eraus op de Bierg bei de Bauer Saupper, deen eis säin Haff presentéiert huet a vu wou aus mir déi herrlech Vue an den Dall konnte genéissen. Nom Besuch vum Bauerenhaff goung et zeréck op d'Gare vir d'Réckrees an eist Hotel an Ugrëff ze huelen. Den Owend konnt all Member frei gestallten, déi meescht sinn allerdéngs op Dorfgastein an d'Festzelt gefuer vir den Owend auskléngen ze loossen.
Samschdes stoung déi grouss Feuerwehrsternfahrt um Programme. Moies stoung de Membere frei, sou dat déi eng vum Wellness am Hotel profitéiere konnten an déi aner sech d'Nostalgie vum Pompjeeswiesen am Duerf bei der grousser Ronnfaart vun de Pompjeeës-Oldtimer konnte sat kucken. Um Mëtteg goung et dunn mam Bus an der fréierer Gala-Uniform op Dorfgastein, vir do um groussen Emzuch vun der Feuerwehrsternfahrt deel ze huelen. 17 Memberen hunn dorun deel geholl a sinn duerch Dorfgastein bis op d'Festplaatz marschéiert, wou dono jiddereen säin Owend konnt frei gestallten.
Um Sonndeg war dunn am Hotel auschecken ugesot. Éier mir eis op d'Rees gemaach hunn, hunn mir der Hotelbesetzerin nach en klenge Kaddo iwwerginn als Merci vir deen häerzlechen Empfang dee mir do kruten. Dono goung et mam Bus nach eng Kéier op Dorfgastein, wou jiddereen nach déi puer läscht Stonne konnt genéissen, éier mir déi laang Rees erëm Heem an Usproch geholl hunn.
Am Numm vun de Memberen déi mat op déi flott Rees waren, wëlle mir hei op dëser Platz dem Comité vun der CIMW a.s.b.l. a ganz besonnesch hirem President Marco Kaysen en ganz grousse MERCI ausschwätze vir déi gutt Organisatioun vun dëser Rëss!