De lëschte Samschdeg, 29. Februar 2020 huet CIMW a.s.b.l. dat traditionellt Buergbrennen organiséiert.
Ënnert dem Motto "En Buergbrenne wei Freier" goufen dofir déi ganz Festlechkeete vum Asazzenter erëm zeréck op déi ursprénglech Platz an der Lämkaul zu Mäertert verluecht. Och nei, dëst Joer gouf et dofir och eng richteg Buerg, déi ofgebrannt gouf. Moies hunn sech eis Membere vir den Opbau vun der Buerg op der Lämkaul getraff wärend deem eis Jugend mat der Popp duerch d'Duerf gezunn ass. Um 18.00 Auer ass et dunn mat engem grousse Fakelzuch duerch d'Duerf gaangen éier um 19.00 Auer d'Buerg ugefaange gouf.
Op dëser Platz wëlle mir all de Leit vu Mäertert an Waasserbëlleg en Merci vir hire Besuch oder hier Ënnerstëtzung un deem Dag ausdrécken!