En Méindeg waren d'Schüler vum Cycle 2.1 an 2.2 vun der Ecole Fondamentale vu Waasserbëlleg beim CISGM op Besuch komm.
No engem klengen Exposé iwwert de Fonctionnement vun der Noutruffzentrale 112 duerften d'Schüler dono och nach eng Visitt vum Asazzenter zu Mäertert matmaachen. Hei gouf den 19 Schüler och en Abléck an eise Fuerpark a Material ginn.
Dëse klengen Austausch soll an nächster Zäit och nachemol mat anere Klassen duerchgefouert ginn.