Wärend de leschte Woche gouf wärend 2 Owender eng Formatioun iwwer Assistenzhënn fir Membere vum CISGM ofgehalenen.
Den Här Kersting Erik, den esou Assistenzhënn duerch ganz Welt ausbilde geet, as vun Aachen op Mäertert komm fir des Formatioun ofzehalen. Ënnerstëtzt gouf hie vun enger Koppel déi selwer op esou Hënn ugewise sinn. Wärend dësen Owender kruten d'Membere vum CISGM iwwert verhale vun den Assistenzhënn souwéi och hir Ausbildung a wei een des speziell ausgebilten Hënn gebrauche ka erzielt. Een Thema war och déi verschidden Zorten un Assistenzhënn déi et gëtt. Zousätzlech goufen en puer Tricke gewise wei een am Fall vun engem Accident mat esou engem Hond ëmgeet a wei een dee betreit.
(Bedauerlecherweis hunn mir vum éischten Owend keng Gruppefoto.)