Zanter dem Mäerz huet sech vir jiddereen am Grand-Duché villes grondsätzlech geännert. Zanter hier dominéiert d'Thema Covid-19 d'Noriichte ronderëm d'Welt a jidderee beméit sech, sech net domat un ze stiechen.
Vir eis béid A.s.b.l.'en war och dëst Joer keen normaalt Joer an all eis geplangten Aktivitéiten, dorënner och eisen Ausflug, hunn missten ofgesot ginn. Déi Responsabel vu béiden A.s.b.l.'en sinn sech zanter dem Ufank vun der sanitärer Krise hirer Verantwortung bewosst an dofir goufe bis op Weideres bal all Aktivitéiten op Eis geluecht. Dëst bedeit awer kenges Falls, dat eis A.s.b.l.'en ontäteg sinn an dofir hunn sech déi Responsabel vill Gedanke gemaach, wei een d'Liewensqualitéit vun allen Membere kéint en Stéckche verbesseren. Esou hunn sech déi zwou A.s.b.l.'en zesumme gesat an hunn iwwert eng spezialiséiert Firma wäschbar Mond- an Otemschutzmaske maache gelooss. Des Maske sollen de Memberen et erméiglechen, sech weiderhin un déi sanitär Mesuren halen ze kennen an esou och sech virun enger méiglecher Ustiechung ze schützen. All Member krut déi läscht Deeg esou eng Maske ausgedeelt. Mee net nëmmen eis Membere vun den A.s.b.l.'en kruten esou Maske verdeelt, all déi haaptberufflech Kräfte vum CGDIS, déi am CISGM schaffen, kruten och Masken ausgehännegt. Zesumme géint de Coronavirus an domat nach besser virbereet op déi eventuell nächst Welle kennen eis Memberen elo hier Masken an den Asaatz bréngen.
D'Comitéë vun de béiden A.s.b.L.'en wënscht all senge Memberen an dem Personal vum CGDIS weiderhin en gutt Gesondheet! Passt op Iech op, vir dat dir zu all Zäit weiderhin de Leit an Nout kennt hëllefen!