Wei all Joer war och des Joer erëm Wäifest zu Gréiwemaacher. Ëmmer um 2 Weekend vum September ass vu Freides Owes bis Sonndes Owes en Fest zu Éieren vun der neier Wäikinnigin déi Freides Owes gekréint gëtt. Duerch déi vill Leit déi des 3 Deeg op Gréiwemaacher komme fir un dësem Event deelzehuele gouf och vill vum CISGM gefuerdert.
Freides Owes wärend der Kréinung ware 7 Leit permanent op der Platz a Bereetschaft fir am Noutfall schnell handelen ze kennen.
Samschdes am spéiden Nomëtten ass et dunn weidergaangen. Een Highlight vun dësem Owend ass Feierwierk, wat ganz vill Spectateuren unzitt. Duerch déi héich Unzuel un Spectateure gëtt Samschdes Owes ëmmer en PMA (Poste Médical Avancé) a Betrib geholl. Dëse PMA war bis spéit an Nuecht op a war déi éischt Ulafplaz fir medezinesch Noutfäll. Nodeems en Dokter sech de Patient ugekuckt huet, gouf entscheet op de Patient a Klinik transferéiert gi misst oder op de Patient am PMA konnt behandelt ginn. Sonndes Moies géingt 3:30 Auer konnten déi 23 bedeelegt Leit de PMA zoumaachen an Heem goen.
Sonndes am freien Nomëtten ass et dunn mat de Virbereedunge fir den Ëmzuch lassgaangen. Wärend dem Ëmzuch waren 2 Ambulanzen an 2 mobil Fousstruppe vum CISGM duerch den Zentrum vu Gréiwemaacher verdeelt. Eng weider Ambulanz stoung CISGM Standuert Mäertert am Standby. Nom Ëmzuch konnten all bedeelegt Persoune vum CISGM arécken.
Soumat war Wäifest 2019 souwäit fir de CISGM ofgeschloss.